Matt iwwer 100 Enregistrementer steet dem Giacomo Puccini seng Oper “La Bohème” ganz uewen am Ranking vun den Opnamen. Net vill anescht ass et mat den Opféierungen. Déi dramatesch an tragesch Geschicht ronderëm d’Mimi an de Rodolfo gehéiert sonner Zweiwel zu de Renner op den Operebühnen. Vun e Sonndeg un stierft dat kränklecht Mimi och am Groussen Theater.
Estro Armonico op der Operebühn