arrow_back_ios
CD-Klassik
Concerti vun Tschaikowsky a Schostakowitsch
„Gezaust, gerupft, gebläut“ – esou mecht sech dee strenge Kritiker Eduard Hanslick senger Zäit iwwert dem Tschaikowsky säi Geieconcerto hir. D’Interpretatiounsgeschicht an d’Popularitéit vum Wierk hunn den Hanslick längst widderluecht. Fir dee berühmten russeschen Geiist David Oistrach huet den Dimitri Schostakowitsch säin 2. Concerto geschriwwen. Elo huet de Linus Roth béid Concerti op engem CD gekoppelt.