arrow_back_ios
CD-Klassik
De Franco Fagioli séngt Rossini
Ähnlech ewéi sengerzäit bei de Kastraten leet sech haut eng besonnesch Aura vu Bewonnerung an och Staunen ronderëm d’Countertenéier. Déi héich Männerstëmmen verdrängen ëmmer méi dacks d’Mezzosopranistinnen an den Operen vum Barock bis an dat fréit 19. Jorhonnert. Dat gëllt och fir den Argentinier Franco Fagiolio, dee senger fréierer Bühnen- an Disquepartnerin Cecilia Bartoli ufänkt, sérieux Konkurrenz ze maachen.