CD-Klassik
Dräi Englänner
Edward Elgar, Ralph Vaughn-Williams a Benjamin Britten – zwou Generatiounen vun englesche Museker, déi jeweils fir d’Renaissance respektiv den Opbroch an eng nei Zäit stinn. Während Elgar a Williams nach als sougenannt Spéitromantiker gëllen, ass de Britten quasi den Initiateur vun der Musek vum 20. Jorhonnert op der Insel. Den Trio ass elo op der neister CD vum LSO String Ensemble ze fannen.