Klassik aktuell
Den Neijoersconcert vun de Wiener Philharmoniker
9 min
Millioune vu Mënschen wäerten den 1. Januar 2017 nees virun der Televisioun oder beim Radio sëtzen, fir beim Neijoersconcert vun de Wiener Philharmoniker derbäi ze sinn. Och de radio 100,7 iwwerdréit erëm live vun 11 Auer un. Nom Mariss Jansons, deen d’Joer 2016 als Dirigent musikalesch agelaut huet, ass et um Gustavo Dudamel, fir d'Neijoerswënsch mat Musek vun der Strauß-Dynastie uechter d'ganz Welt ze schécken. De Guy Engels presentéiert de Concert am Virfeld.