Klassik aktuell
E Lëtzebuerger an der Elbphilharmonie
9 min
Den Dan Tanson ass e Regisseur, dee mat senge musikalesche Projete fir Kanner duerch ganz Europa reest. Am Kader vun der Erëffnungsfeier vun der Elbphilharmonie zu Hamburg leed hien direkt zwee Projeten: Den éischten Dag vun der Erëffnung féiert en dem Antonin Dvorak seng "Reise in eine neue Welt" zesumme mam Ensembel Resonanz an enger neier Versioun op. A mat "Heroïca" steet eng Produktioun um Programm, déi den Dan Tanson zesumme mam Lucerne Young Performance Ensemble ausgeschafft huet.