arrow_back_ios
CD-Klassik
De Christian Lindberg dirigéiert Tschaikowsky
Als Trombonist huet de Christian Lindberg en etlech nei Wierker fir säin Instrument an Optrag ginn an uropgefouert, awer och selwer komponéiert. Dee schwedesche Museker ass allerdéngs net nëmme mat ee vun deene beschten Trombonisten, och als Dirigent huet hie sech e gudden Numm gemaach. Elo huet de Christian Lindberg fir BIS dem P.I. Tschaikowsky seng dräi lescht Symphonien opgeholl an iwwerrascht mat senger Interpretatioun, mengt de Remy Franck.