CD-Klassik
"Muses"
De Gustav an d'Alma Mahler - dat war eng vun deenen op d'mannst komplizéierte Relatiounen an der Museksgeschicht. Et war d'Geschicht vu géigesäiteger Bewonnerung, awer och vu Jalousien. De Mahler huet seng Fra als Komponistin geschat, huet sech allerdéngs keng besonnesch Méi ginn, wann et ëm d'Opféierung vun hirer Musek gaangen ass. Studéiert huet d'Alma Mahler beim Alexander von Zemlinsky, mat deem se och eng Affaire hat, éier se de Gustav Mahler bestuet huet. Elo kommen d'Alma Mahler an den Alexander von Zemlinsky nees zesummen - an enger neier Produktioun vu Klarthe.