CD-Klassik
Musek fir Harf
"Ech spille gären Harf, well een eigentlech näischt vun hir weess an et een Instrument ouni Grenzen ass", seet d'Anaïs Gaudemard. Déi jonk Harpistin - Joergank 1991 - huet hir Studie virun zwee Joer mat engem Master ofgeschloss. Als Laureatin vun en etlech Concoursen ass se awer scho laang als Solistin op de Concertspodiumen ze fannen. Elo huet d'Anaïs Gaudemard hir éischt CD erausbruecht, déi och eenzock eng Nominatioun bei den International Classcial Music Awards 2017 krut. De Remy Franck presentéiert dës CD.