arrow_back_ios
Klassik aktuell
Organist, Pianist, Dirigent a Produzent
Den Organist a Pianist Wayne Marshall kennt den 23. Januar an d'Philharmonie. Um Programm stinn Uergelwierker vu Komponisten aus dem 19. an dem fréien 20. Joerhonnert an eng grouss Improvisatioun. Am Laf vun dësem Joer kennt en nach eng zweete Kéier an d'Philharmonie, déi Kéier awer als Dirigent. Wat ass him bei senge Concerte wichteg? An u wat inspiréiert e sech fir seng Improvisatiounen? De Luc Boentges huet nogefrot.