arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den OPL zu Wien
2015 - a senger leschter Saison als Chefdirigent - war den Emmanuel Krivine mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg fir ee Concert am Konzerthaus zu Wien. Mahler a Strauss stoungen um Programm. Elo war et um Tour vu sengem Successeur, dem Gustavo Gimeno, fir am renomméierte Concertssall opzetrieden. Am Gepäck hat den OPL dës Kéier Musek vu Ravel, Strawinsky a Schostakowitsch. De Manuel Ribeiro huet den OPL an déi éisträichesch Haaptstad begleet an huet dem Guy Engels seng Andréck verroden.