arrow_back_ios
CD-Klassik
Ee Meeschterwierk aus dem italieneschen Barock
Seng Schüler Pergolesi a Paisiello si wuel méi bekannt wéi hie selwer: de Francesco Durante war Professer um Conservatoire zu Neapel - eng vun de musikaleschen Héichbuergen am italieneschen Barock. Een Operekomponist war en allerdéngs net. Et bleift eis vrun allem seng Kierchemusek, an déi verdéngt déi Opmierksamkeet, déi se elo an enger neier Opnam vun Oxford Baroque krut.