Den 29. Dezember 1842 gëtt an der Iechternacher Garnisoun ee Blosorchester gegrënnt. Et ass den offizielle Gebuertsschäin vun der Lëtzebuerger Militärmusek, déi dëst Joer hiren 175. Gebuertsdag feiert. Den Ouverturesconcert vun de Festlechkeeten ass muer den Owend (25.1.2017) am Stater Conservatoire. Weider Detailer krut de Manuel Ribeiro vum Majouer Jean-Claude Braun.
175 Joer Militärmusek