arrow_back_ios
CD-Klassik
Däitsch Romantik - franséisch Lecture
Dem Felix Mendelssohn Bartholdy säi Geieconcerto op.64 ass u Popularitéit wuel kaum ze toppen. D'Wierk ass ronn 20 Joer virum Robert Schumann sengem Concerto entstanen, säi lescht symphonescht Wierk. De Philippe Graffin, Professer um Conservatoire de Paris, huet béid Wierker an engem neien Enregistrement gekoppelt, inklusiv déi wéineg bekannt Phantaisie vum Robert Schumann.