Klassik aktuell
"Ech wäert net roueg bleiwen!"
De Bruce Adolphe huet als Komponist well Wierker geschriwwen, déi vun esou grousse Museker, wéi dem Yo-Yo Ma, dem Joshua Bell oder dem Daniel Hope gespillt goufen. Besonnesch wichteg sinn him d’Theme Bierger- a Mënscherechter. An deem Kontext huet e säi Geie-Concerto "I Will Not Remain Silent" geschriwwen, e Wierk, dat am nationalsozialisteschen Däitschland an an Amerika zur Zäit vun der Biergerrechtsbeweegung spillt. Säi Stéck wier duerch déi rezent Entwécklungen an den USA allerdéngs méi aktuell ginn, wéi een et sech hätt kënne virstellen. De Luc Boentges huet mam Bruce Adolphe geschwat.