CD-Klassik
"Music for my Love"
Am Alter vun zéng Joer koum d'Yodit Tekle aus Eritrea an d'Vereenegt Staaten. D'Meedchen huet sech duerchgesat an um Seattle Business Institute studéiert. Mee déi grouss Chance, déi d'Liewen der jonker Fra bis dohi gebueden hat, sollt net laang unhalen. 2014 kritt d’Yodit Tekle eng tragesch Diagnos gestallt. Wéi vill Komponisten, déi hir Trauer ëm de Verloscht vun engem Partner mat Musek verschafft hunn, huet och de Paul Mann dëse Wee gewielt. D’Resultat ass den emouvanten Album "Music for my Love".