Klassik aktuell
Gioachino Rossini: Komponist vum Mount Februar
Den Giacchino Rossini kennt jiddereen. Hien huet ëm déi 50 Opere komponéiert, plus nach eng Rei Kammermuseks-, reliéis a sinfonesch Wierker. Hei sinn et säi Stabat Mater an säi Requiem déi nach haut dacks op reliése Feiere gespillt ginn. Bekannt si virun allem verschidde vun sengen Operen, de "Barbier de Séville", "Guillaume Tell", "La Cenerentola", "La Gazza Ladra" ... an nach vill anerer.
De Manuel Ribeiro ënnerhält sech mam Luc Boentges, deen e puer Anekdoten zum Rossini ze zielen huet.