CD-Klassik
Wichteg polnesch Komponisten aus dem 20. Joerhonnert
Deen däitschen Dirigent Alexander Liebreich an de Radio-Symphonieorchester vu Kattowitz hu sech an enger Serie vun dräi Disquë mam Wierk vum Karol Szymanowski a vum Witold Lutoslawski ausenanergesat. Béid Komponiste stinn e bëssen am Schied, sief et vum Frédéric Chopin oder vum Krystof Penderecki, der Liichtgestalt vun der polnescher Musek am 20. an 21. Joerhonnert. Dat déi nei Opnam hir Meritten huet, beweist de Fait, datt se bei den International Classical Music Awards 2017 de Präis an der Kategorie "Best Collection" krut. De Remy Franck presentéiert d'Produktioun.