arrow_back_ios
CD-Klassik
De vergiessene Bruch
De britesche Label Hyperion huet zanter Joren eng Serie mat romantesche Geieconcerti lafen. De roude Fuedem derhannert sinn net déi bekannt, vill gespillte Wierker aus dem Repertoire, mee Concerti, déi manner dacks zum Zuch kommen, et awer net verdéngt hunn, vergiess ze ginn. Zu hinnen gehéiert och den 2. Concerto vum Max Bruch, deen et elo an engem neien Enregistrement gëtt.