arrow_back_ios
Klassik aktuell
Maria João Pires an der Philharmonie
Der portugisescher Pianistin Maria João Pires hir privilegéiert Komponisten heeschen ënner anerem Mozart, Chopin, Beethoven, Schubert an aner Zäitgenossen. Mee virun allem gëllt Si weltwäit als eng vun deene beschten Mozartinterpreten. Den Owend ass Si mam 23te Pianosconcerto vum Mozart an der Philharmonie ze héieren. Begleet gëtt Si vum Scottish Chamber Orchestra, ënnert der Direktioun vum Robin Ticciati.
De Manuel Ribeiro huet sech mat der Pianistin Maria João Pires getraff.