arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Die Kunst der Fuge ist ein großes Kunstwerk"
"Armida" ass den Titel vun enger Oper vum Joseph Haydn. Datt déi véier Museker Martin Funda, Johanna Staemmler (Gei), Teresa Schwamm (Braatsch) a Peter-Philipp Staemmler (Cello) sech grad dësen Numm fir hire Quartett erausgesicht hunn, ass keen Zoufall. Ëmmerhi gëllt de Joseph Haydn als de Papp vum klasseschen Sträichquartett. Den Armida Quartett ass als "Rising Star" vum Festspielhaus Baden Baden nominéiert a kënnt an deem Zyklus haut (8.2.2017) an d'Philharmonie.