arrow_back_ios
CD-Klassik
A la mémoire de Louis XVI
Wéi 1842 zu Salzbuerg d'Mozart-Denkmal ageweit gouf, huet de Sigismund von Neukomm d'Festried gehalen. De Sigismund von Neumomm war déi Zäit eng vun de grousse Komponisteperséinlechkeeten an Europa. Ze verdanken hat en dat dem mächtegen Talleyrand, deen him finanziell de Réck fräigehalen huet. Vum Sigismund von Neukomm gëtt et elo eng nei Opnam vu sengem "Requiem à la mémoire de Louis XVI", déi de Remy Franck presentéiert.