arrow_back_ios
Klassik aktuell
La Cenerentola
Dem Gioacchino Rossini seng Oper « La Cenerentola « ass typeschen Bel Canto, an däer och d’Virtuositéit ganz demonstrativ erausgestallt gëtt. D’Cenerentola-Roll verlaangt eng Stëmm vun enger Alto Coloratura. An d’Cecilia Bartoli ass hei di perfekt Interpretin. Si an och aner Solisten sinn an enger konzertanter Versioun vun der « Cenerentola » muer den Owend an der Philharmonie ze héieren.