arrow_back_ios
Klassik aktuell
Sechs Personen suchen einen Komponisten
1921 war d’Première vum Luigi Pirandello sengem Stéck “Sechs Personen suchen einen Autor” – eng Première, déi mat engem handfesten Skandal op en Enn gaangen ass. Esou wéi beim Pirandello krut de Public nach nie de Spigel virun d’Nues gehalen. De spéideren Literaturnobelpräis-Lauréat huet d’Grenzen tëscht der Bühn an dem Auditoire komplett verwëscht – eng Approche, déi de Komponist Claude Lenners faszinéiert huet. Aus de “Sechs Personen suchen einen Autor” huet hien “Sechs Personen suchen einen Komponisten ” gemaach.