arrow_back_ios
CD-Klassik
De Boris Giltburg spillt Schostakowitsch
2013 wënnt dee russeschen Pianist Boris Giltburg de Concours Reine Elisabeth zu Bréissel. Et war den definitive Startschoss fir eng international Carrière, déi en antëscht och schonn regelméisseg op Lëtzebuerg gefouert huet. Zanter der Victoire zu Bréissel huet de Boris Giltburg 5 Disquen produzéiert. Deen neisten ass der Musek vum Dimitri Schostakowitsch consacréiert.