arrow_back_ios
Klassik aktuell
Een Operenowend mat der Cecilia Bartoli
Cecilia Bartoli an der Philharmonie – dat léist d’Häerzer vun de Frënn vu grousser Vokalkonscht méi séier schloen. Gëschter Owend dierft dat net anescht gewiescht sinn. Déi gebierteg Réimerin, déi sech an deene leschte Joren als eng Spezialistin vum Barock-répertoire profiléiert huet, war an enger zeenescher Produktioun vum Gioacchino Rossini senger Oper “La Cenerentola” ze erliewen, eng Roll, mat där se schonn bei de Salzbuerger Péngscht-Festspiller brilléiert huet.