CD-Klassik
Ee wéineg bekannten Mozart-Zäitgenossen
Mozart, Haydn, Beethoven, Schubert – dat sinn déi grouss Nimm aus der Wiener Klassik. Mee – och wann hir Nimm mat Recht haut grouss a fett op de Concertsaffichen ze gesi sinn, hu se awer nach laang net an engem musikalesche Vakuum gelieft a geschafft. Si waren mat Museker befrënnt, vun deenen kaum nach riets geet. Museker, Komponisten, dé awer vläicht duerch hir Aarbecht, hir Iddien a gedanken och eng Grëtz mat derzou bäigedroen hunn, datt aus deene Groussen effektiv déi Grouss goufen. Dank dem CD kritt een ëmmer nees d’Chance esou Komponisten ze entdecken – ewéi den Ignaz von Beecke.