arrow_back_ios
Klassik aktuell
De Requiem vum Maurice Duruflé
No der Fuesend geet et bekanntlech riicht ewech op Ouschteren duer, a musikalesch gesinn, ass d’Faaschtenzäit d’Zäit vun de Passiounsconcerten. Den Optakt mécht dëst Joer den Ensemble Cantica vun Dikkrech, dee muer den Owend (2.3.2017) an der Dekanatskierch zu Dikkrech de Requiem vum Maurice Duruflé interpretéiert – eng vun deene groussen franséischen Requiem-Vertounungen.