arrow_back_ios
CD-Klassik
Hommage un ee groussen Cellist
Knapps ass de Concert eriwwer – da wart een nom éischten Applaus fir de Solist ganz gespaant op de klenge Bonbon – de Bis. Et gëtt Concerten, do bleift vrun allem dës Zugaab an Erënnerung. An et gëtt Concerten, do wees see scho wat kënnt – wéi beim Neijoschconcert vun de Wiener Philharmoniker. Esou Encores huet all Solist a séngem Gepäck – a je no Programm, no Stëmmung sicht e sech dat passend Stéck eraus. Den Cellist Alban Gerhardt huet elo een Disque mam Mistislav Rostropovitch sengen beléifsten Zugaben opgeholl.