Klassik aktuell
Kompositiounen a kierperlech Konstitutiounen
Bei Komponiste gëtt heefeg iwwert den Afloss vu biographeschen Episoden op hir Wierker spekuléiert. Ass deen Adagio esou düster ausgefall, well dem Komponist seng Fra kuerz virdru gestuerwen ass? Ass d’Finale vun der Sinfonie esou feierlech, well d’Heemechtsland grad e Krich gewonnen huet? Während iwwert déi psychesch Zoustänn vun engem Komponist dacks nëmme spekuléiert ka ginn, kënne bei der physescher Konstitutioun méi konkret Spuren an de Wierker fonnt ginn. De Luc Boentges gëtt en Abléck a seng nei Musekserie: "Kompositiounen a kierperlech Konstitutiounen".