Klassik aktuell
De Pierre-Boulez-Sall zu Berlin
No der Elbphilharmonie virun déck zwee Méint gouf elo an Däitschland deen zweeten neien Concertssall opgemaach: de Pierre-Boulez-Sall zu Berlin. De Sall gehéiert zur Barenboim-Said-Akademie – eng Weiderentwécklung vum West-Eastern-Divan Orchestra, deen den Dirigent Daniel Barenboim an de Journalist Edward Said 1999 gegrënnt haten. E Samschdeg war den Ouverturesconcert vun deem neie Sall.