arrow_back_ios
CD-Klassik
Ungaresch Musek
Beim Numm von Dohnanyi fallen engem stante pede zwou Perséinlechkeeten an: den SPD-Politiker Klaus von Dohnany, fréieren Buergermeeschter vun Hamburg, a säi Brudder, den Dirigent Christoph von Dohnany. Deen dierft dat musikalescht Talent vu sengem Grousspapp, dem Komponist Ernst von Dohnanyi geierft hunn. Den Dohnanyi war net nëmmen een exzellenten Komponist , mee och een dichtegen Pianist a Pädagog. Elo huet den Ensemble Raro Kammermusek vum Ernst oder Ernö von Dohnanyi opgeholl.