Klassik aktuell
"Le château de Barbe-Bleue"
"Le château de Barbe-Bleue" ass déi eenzeg Oper vum Bela Bartok. D'Handlung baséiert op engem Mäerche vum Charles Perrault, mee dem Bartok seng Versioun ass voll vu Symbolik an erschéngt doduerch als een zäitlost Wierk. D'Symphonie Nr. 45, genannt "les adieux", vum Joseph Haydn ass u sech e méi ënnerhalend Stéck, mee dat den Haydn och mat verstoppte Message versinn huet. Dës zwee Wierker stinn den Owend (8.3.2017) um Programm vum Concert mam OPL an der Philharmonie.