Klassik aktuell
Tempus est iocundum
10 min
"Tempus est iocundum", et ass eng Zäit vu Freed, heescht et an der éischter Zeil an engem Lidd aus der "Carmina Burana". Eng Zäit vu Freed, dat war et, wat de Johny Fritz an deene vergaangene 40 Joer mat deem Ensemble fir al Musek erlieft huet, deen déi laténgesch Zeilen als Numm gewielt huet. Ugefaangen huet alles als Ensemble de musique ancienne vum Stater Conservatoire. 1983 hunn d'Museker sech selbstänneg gemaach an als Ensemble "Tempus est iocundum" constituéiert.
De Guy Engels mat Detailer.