CD-Klassik
Cellosconcerti vun engem Geie-Virtuos
14 min
An der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet d'Belsch d'Geiisten-Zeen mat dominéiert. Eng Rëtsch exzellent Virtuosen hunn derfir gesuergt, datt sech eng Ecole belge etabléiert huet: de Charles de Bériot, den Henri Vieuxtemps a spéider den Eugène Ysaÿe, de Grënner vum Concours Reine Elisabeth. “Dem Henri Vieuxtemps säi Geiespill ass eppes wéi een Zauberkrees, aus deem een net erauskënnt”, sot sengerzäit de Robert Schumann. Wéi et déi Zäit Usus war, war de Virtuos Vieuxtemps och ee verséierten Pädagog a Komponist. Elo huet den Cellist Wenn Sinn Yang dem Vieuxtemps seng Cellossconcerti enregistréiert. Den CD-Tip vum Remy Franck.