arrow_back_ios
Klassik aktuell
Daphnis et Chloé
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Lunch Concert, Concert Heure de pointe, Abonnementsconcert an Opnam-Sessiounen: De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg stécht an enger ganz intensiver Aarbechtsphase zesumme mat sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno. Fir de Concert vu muer Freideg steet nämlech net nëmmen mat "Daphnis et Chloé" eng vun deene grousse Partituren aus dem 20. Joerhonnert um Programm. Den OPL proposéiert och nach eng Lëtzebuerger Première - "Hakan", ee Concerto vum Mark Anthony Turnage, geschriwwen fir den Trompettist Hakan Hardenberger.