arrow_back_ios
Klassik aktuell
Franséisch Chansonen an e Saxophon-Quartett
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Den Amstel Quartett léisst sech net op ee Stil festleeën. Vu Klassik iwwer Pop, Rock, Jazz a World féiere si Stécker op, déi zäitlech deelweis 500 Joer ausernee leien. Am Kader vum Festival "Musek am Syrdall" trieden déi véier Saxophonisten den 19. Mäerz zesumme mam Chansonnier Philippe Elan op. Wéi ass d'Iddi fir dëse Programm entstanen? A wéi kéint een de Quartett am beschte beschreiwen? De Luc Boentges huet beim Alt-Saxophonist Olivier Sliepen nogefrot.