Klassik aktuell
Ass d'Musekskritik an der Kris?
De "Preis der Deutschen Schallplattenkritik" ass e Veräi vun 160 Musekskritiker a Journalisten aus Däitschland, Éisträich an der Schwäiz. 1963 gouf en als Organ fir d'Qualitéitskontroll vun Opname gegrënnt. Véier mol am Joer publizéiere si hir "Bestenliste" mat de beschten Opnamen aus 25 Kategorien. D'Bandbreet geet dobäi vu klassescher Musek iwwer Hip-Hop, Jazz, Pop & Rock bis zu Video-Produktiounen. D'Eleonore Büning, Directrice vum "Preis der Deutschen Schallplattenkritik", war elo zu Lëtzebuerg an der Philharmonie, fir do mam "Quartett der Kritiker" viru Publikum iwwert Opname vun engem Wierk ze diskutéieren, dat duerno vum OPL gespillt gouf. De Luc Boentges huet mam Eleonore Büning iwwert d'Wichtegkeet vun der Musekskritik geschwat.