Klassik aktuell
La voce è mobile
12 min
Eng Oper kann zimlech komplizéiert sinn, op d'mannst d'Geschicht, déi dra verzielt gëtt. Do brauch ee schonn eng gutt Mise en scène an net manner gutt Sänger-Acteuren, fir net den Duerchbléck ze verléieren. All dat hält vläicht muenchereen dovunner of, sech mat Oper ze beschäftegen, woubäi engem dann och vill schéi Musek laanscht d'Ouere geet. Am Kinneksbond zu Mamer gëtt et muer (18.3.) gewëssermoossen d'Geleeënheet, fir ee Schnuppercours a Saachen Oper: de Spectacle "La voce è mobile", eng spilleresch musikalesch Wanderung duerch d'Operegeschicht. De Metteur en Scène, de Ghislain Roussel, erkläert um Mikro vum Guy Engels, wat de Public am Kinneksbond erwaart.