CD-Klassik
Missa pro defunctis
De Francesco Cavalli war an der Mëtt vum 17. Joerhonnert ee vun deene produktiivsten Operekomponisten zu Venedeg. Nieft senge ronn 30 Bühnewierker huet en och jett Sakralmusek geschriwwen. Ëmmerhi war de Cavalli och nach Maestro di Cappella um Markusdoum. Säi Requiem fält a sengem Oeuvre e bëssen aus der Rei, well en eigentlech net fir de Grand Public geschriwwe gouf, mee eng ganz perséinlech Affaire war. Den Ensemble Polyharmonique huet dës Missa pro defunctis vum Cavalli elo op CD opgeholl, déi de Remy Franck presentéiert.