arrow_back_ios
Klassik aktuell
D'Matthäus-Passioun
1829 féiert de Felix Mendelssohn Bartholdy zu Leipzig dem Bach seng Matthäus-Passioun op. Et war de Renouveau vun engem Wierk, dat sech zum Bach senge Liefzäiten net richteg duerchsetze konnt. Ze vill Theatralik, ze vill Opwand waren d'Reprochen, mat deenen d'Passioun huet misse liewen. Haut ass d'Matthäus-Passioun eng vun deene populäerste Partituren aus deem Genre. En nächste Sonndeg (26.3.2017) ass dem Bach seng Matthäus-Passioun an enger Koproduktioun vu CAPE a Conservatoire du Nord zu Ettelbréck z'erliewen.