Panorama
Panorama
D'Claudia Monti gëtt neien Ombudsman. D'Chamber huet si haut als Nofolgerin vum Lydie Err gewielt
Den Zuchaccident zu Diddeleng de 14. Februar ass op e mënschlechen an en technesche Feeler zréckzeféieren, heescht et am Experte-Rapport, deen de Parquet haut public gemaach huet
De Joe Thein grënnt eng nei Partei. "Déi Konservativ", heescht déi nei Asbl, fir déi den Ex-ADR-Politiker haut d'Statuten deposéiert huet
Den Ausseminister Jean Asselborn huet haut seng aussepolitesch Deklaratioun an der Chamber gemaach. Eng grouss Prioritéit wier et, fir der Europäescher Unioun eng sozial Dimensioun ze ginn
Siren's Call heescht en neien Indie-Festival vum Atelier an der Abtei Neimënster
Déi schottesch Oppositiounsparteie si géint en zweete Referendum iwwert d'Onofhängegkeet
D'USA a Groussbritannie verbidden elektronesch Geräter am Handgepäck op Vollen aus enger Partie moslemesche Länner.