CD-Klassik
Sinfonia domestica
De Richard Strauss war ee grousse Meeschter vun der Orchestratioun, vum Spill mat Klangfaarwen a Stëmmungen. Duerfir war fir hien deen neie Genre vun der Toundichtung - Musek, déi sech op literaresch oder aner aussermusikalesch Virlage berifft - dee perfekten Terrain. "Für mich ist das poetische Programm nichts weiter als der Form-bildende Anlass zum Ausdruck und zur rein musikalischen Entwicklung meiner Empfindungen", schreift de Strauss, an dat gëllt fir seng am Ganzen néng Toundichtungen, déi den SWR-Sinfonieorchester op CD agespillt huet. De 5. Disque aus der Serie ass elo eraus an de Remy Franck presentéiert en.