CD-Klassik
Italienesch Symphonik
Italien – dat ass d’Land vun der Oper. Iwwer Jorhonnerten huet d’Bühn d’Musekszeen dominéiert. Eréischt an der No-Verdi-Ära hu Komponisten gewot, dee Monopol opzebriechen, italienesch Symphonik ze schreiwen: Leit ewéi den Ildebrando Pizzetti, den Amilchare Ponchielli, den Ottorino Respighi … Genee ëm dësen Opbroch an déi italienesch Symphonik geet et op enger CD-Produktioun mam Orchestra della Svizzera Italiana.