arrow_back_ios
CD-Klassik
A la mémoire d'un grand artiste
Ee wesentleche Critère bei enger CD-Produktioun ass d'Kohärenz vum Programm. Wann de Choix vun de Wierker belibeg ass, kann een dacks dervun ausgoen, datt och d'Interpretatioun vun de Stécker deementspriechend ass. Museker, déi sech par contre ee Konzept, ee roude Fuedem ginn, setze sech och inhaltlech mat de Kompositiounen ausenaner. Dat ass an där neier CD-Produktioun vu Genuin mat Wierker vu russesche Komponisten de Fall, fënnt de Remy Franck.