arrow_back_ios
Klassik aktuell
Blockflütt: méi wéi e Schoulinstrument
Déi meescht kennen d'Blockflütt vun de Musekscoursen aus der Schoul. Datt et awer en Instrument ass, dat iwwert d'Joerhonnerten ëmmer nees an der klassescher Musek agesat gouf, ass manner bekannt. D'Lea Sobbe, Blockflütt-Studentin op der Schola Cantorum Basiliensis, weist an engem Récital den 28. Mäerz an der Abtei Neimënster, wat op der Blockflütt alles méiglech ass.