arrow_back_ios
Klassik aktuell
Stabat Mater
Den Gioacchino Rossini hat dee besonneschen Don, d'Musekswelt ëmmer nees z'iwwerraschen: mat sengen Operen, mat sengem onerwaarte Réckzuch vun der Bühn a spéider mat sengen sougenannte "péché de vieillesse", wou mer e ganz anere Rossini kenneléieren. Esou eng spéit Sënn - dat sinn dem Komponist seng Wierder - ass e Samschdeg am Stater Conservatoire ze héieren: de Stabat Mater mat der Luxembourg Philharmonia ënnert dem Martin Elmquist.