CD-Klassik
Musica nostalgica
Rock-Museker, Adept vun New Wave an experimenteller Musek - den Alfred Schnittke huet a jonke Jore Villes ausprobéiert, éier en als Komponist seng eege Sprooch fonnt huet. Déi baséiert zum Deel op dëse fréien Erfahrungen, awer och op der Erkenntnis, datt et eigentlech näischt Neies méi an der Musek gëtt. An deem Sënn ass dem Schnittke seng Polystilistik ze verstoen, d'Korrespondenz vun ënnerschiddlechen Tendenzen. Den Titel vun där neier CD mat Schnittke-Wierker - Musica Nostalgica - refletéiert dem Komponist seng musikalesch Opfaassungen.
De Remy Franck presentéiert den Disque.