arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Déi schwaarz Këscht war mäi beschte Frënd während der Schoulzäit"
D'Sophie Pacini ass Young Artist of the Year vun den International Classical Music Awards 2017. E leschte Samschdeg krut se hire Präis am Kader vun enger Gala-Soirée am Gewandhaus zu Leipzig. Bis déi international Carrière richteg lancéiert war, hat d'Sophie Pacini en etlech Schwieregkeeten z'iwwerwannen, Problemer, déi déi domadder ze dinn haten, datt se een héich talentéiert jonkt Meedche war.