CD-Klassik
Musek vum Boris Tischtschenko
No der Stalin-Ära gouf et fir d'Konscht an der fréierer Sowjetunioun eng Loftblos, an där se eng Grëtz méi fräi ootme konnt. Dovunner huet ënner anerem och de Komponist Boris Tischtschenko profitéiert, dee schonn als Teenager als héichtalentéierte Pianist opgefall war. Als Student gouf e spéider vum Dimitri Schostakowitsch betreit. De Boris Tischtschenko war eng vun deene wéinege Persounen, déi nach enke Kontakt mam Schostakowitsch an deem senge leschte Liewensjoren haten. Ëm déi 130 Wierker huet den Tischtschenko komponéiert. Säi Concerto fir Gei, déi 8. Symphonie a Lieder gëtt et elo op enger neier CD-Produktioun.